Bei den Damme gouf et eng spannend Partie tëscht Bartreng a Stengefort. D'Gäscht konnte sech um Enn duerchsetzen.

Um Samschdeg war den Optakt an déi nei Volleyballsaison bei den Dammen an den Hären.

Hären

Stroossen huet sech an 3 klore Sätz (25:7, 25:13, 25:14) géint Péiteng behaapt.

Luerenzweiler konnt den 1. Match och mat 3:0 (25:11, 25:16, 25:15) géint Iechternach gewannen. Och hei war keen eenzege Set knapp an d'Gäscht haten näischt ze gutt.

Dammen

Bei den Damme stoungen 3 Partien um Programm.

Bartreng huet doheem mat 1:3 (25:18,19:25, 24:26, 25:27) géint Stengefort verluer. Et war eng spannend Partie mat véier knappe Sätz. Stengefort hat ab dem 2. Set ëmmer dee längsten Otem.

Mamer huet sech donieft kloer mat 3:0 (25:15, 25:15, 25:9) géint Iechternach behaapt.

Péiteng huet d'Gym vu Bouneweg och mat 3:0 (25:21, 25:12, 25:20) geklappt.