Um Sonndeg gouf de komplette véierte Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an den Häre gespillt.

Hären

Bei den Hären ass no 4 Spilldeeg d'Etzella Ettelbréck als eenzeg Ekipp nach ongeschloen. Am Spëtzematch um Sonndeg zu Esch wannen d'Gäscht en enke Match 90:86. Am leschte Véierel sinn insgesamt 63 Punkte gefall, Ettelbréck hat de bessere Schluss a konnt um Enn d'Victoire feieren. Mat 36 Punkte wosst de Quatarius Wilson ze iwwerzeegen.

Eng Iwwerraschung huet Mambra Mamer realiséiert. Auswäerts setzt sech d'Ekipp vum Trainer Darko Ristic mat 74:65 géint de Champion Steesel duerch. D'Lokalekipp hat keng Reussite, nëmmen 1 vu 14 Versich aus der Distanz huet de Champion getraff. Mat 22 Punkte war de Jacob Milner de stäerkste Spiller bei de Gäscht.

D'Résidence Walfer wënnt kloer mat 101:88 géint d'Musel Pikes, dat obwuel de Profispiller Helmstadter den Terrain no ronn 4 Minutte misst verletzungsbedéngt verloossen. De Leon Ayers war net ze stoppen a koum op 45 Punkten fir d'Lokalekipp.

Spannend war de Match tëschent Bartreng an Diddeleng. Hei huet de Max Logelin seng Ekipp 20 Sekonne viru Schluss a Féierung bruecht. D'Gäscht vun Diddeleng haten nach eng leschte Chance, dem Edward Colbert säin Dräier huet d'Zil allerdéngs verfeelt. D'Sparta wënnt 77:75 géint Diddeleng.

Den AB Conter setzt 78:65 zu Hiefenech duerch, domat ass den Opsteiger weiderhin ouni Victoire dës Saison. Beschte Scorer bei de Gäscht war de Riley Grigsby mat 25 Punkten.
 
D'Arantia Fiels hat mam Opsteiger Munneref laang ze kämpfen, um Enn setzt d'Lokalekipp sech awer mat 105:96 duerch. Den Isaiah White koum op 28 Punkte fir d'Fiels.

Dammen

Bei den Damme setzt sech den AB Conter mat 69:59 géint d'Musel Pikes duerch. Nodeems d'Gäscht de besser Start an de Match haten, huet d'Lokalekipp mat engem staarken zweete Véierel (22:8) d'Kontroll vum Match iwwerholl. 15 Punkten an 10 Rebounds huet d'Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj zur Victoire bäigesteiert.

De Champion Gréngewald Hueschtert setzt sech däitlech mat 99:66 géint de Basket Esch duerch a bleift domat ongeschloen. Eemol méi huet d'Alexus Johnson mat 25 Punkten a 19 Rebounds e staarke Match gewisen.

An engem spannende Match wënnt d'Sparta Bartreng67:66 géint den T71 Diddeleng. D'Lokalekipp huet de Match am leschte Véierel gedréint, d'Kyaja Williams huet den entscheedende Worf kuerz viru Schluss getraff, am Géigenzuch huet Diddeleng e leschte Worf verfeelt. Bartreng bleift domat ongeschloen des Saison.

D'Amicale Steesel trëfft staark aus der Distanz a wënnt 100:74 zu Wolz. Déi 5 Spillerinnen aus der Steeseler "starting 5" hunn op d'mannst 11 Punkte markéiert, dat jonkt Isa Hämäläinen hat um Enn 17 Punkten um Kont stoen.