Fir den Optakt vum drëtte Spilldag gouf et mat Italien - Belsch e Spëtzematch an der Liga A a mat England - Griichenland een an der Liga B.

An der Liga A stoungen en Donneschdeg just zwou Partien um Programm. Am Spëtzematch hunn eis belsch Nopere missten an Italien reesen. D'Heemekipp koum besser an de Match a war no enger Minutt schonn 1:0  duerch de Cambiaso an no 24. duerch den Retegui 2:0 am Avantage. Ma no 38 Minutten ass de Pellegrini vum Terrain geflunn an d'Belsch hu kuerz drop a Persona vum De Cuyper vun der Iwwerzuel profitéiert, fir nees erunzekommen. No ronn enger Stonn hunn d'Belsch eng zweete Kéier zougeschloen, et war den Trossard deen den Ausgläich markéiert huet. Dono sollten awer keng Goler méi falen, esou datt hei keen als Gewënner vum Terrain goung.

Op enger neutraler Plaz, dat an Ungarn, huet Israel an der zweeter Partei vun der Liga A Frankräich empfaangen. Den Aussesäiter huet sech am Ufank vun dëser Partie net verstoppt, a konnt nom Gol vum Camavinga duerch de Gandelman zeréckkommen. Ma an der 28. Minutt, 4 Minutten nom Ausgläich, huet den Nkunku Frankräich nees a Féierung bruecht. Israel huet an der zweeter Hallschent och laang matgehalen, hat awer du kuerz viru Schluss direkt zwee Mol net opgepasst. An der 87. Minutt erhéicht den Guendouzi op 3:1 an zwou Minutte méi spéit trëfft de Barcola eng véierte Kéier fir Frankräich. Eis Nopere konnten dës Partie domadder kloer 4:1 gewannen

An der Liga B sinn d'Griichen an England gereest. An enger zimmlech ausgeglachener éischter Hallschent, mat liichtem Avantage fir d'Ekipp aus dem Norde vun Europa, ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel sinn dunn och Goler gefall an dat emol direkt no véier gespillte Minutten duerch de Pavlidis. England huet laang gebraucht, fir de Réckstand nees opzehuelen, ma dem Bellingham ass dëst an der 87. Minutt gelongen. D'Freed sollt awer net ze laang unhalen, well de Pavlidis huet an der 94. Minutt nees markéiert an domadder d'Griichen op d'Gewënnerstrooss bruecht.

D'Rout Léiwe sinn iwwregens e Samschdeg a Bulgarien gefuerdert.

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen