Victoire fir de Jannik Sinner
Novak Djokovic verpasst zu Shanghai säin 100. Titel

© AFP
De Serb huet sech missen an zwee Sätz géint d'Nummer 1 op der Welt geschloe ginn.
Den Novak Djokovic muss weider op säin 100. Titel waarden. De Serb huet sech an der Finall vum ATP-Master zu Shanghai misse mat 7:6 (7:4) a 6:3 géint de Jannik Sinner geschloe ginn.
Fir d'Nummer 1 op der Welt ass et schonn de siwenten Titel an dëser Saison, virdru war hien och scho bei de Masters zu Miami a Cincinnati net ze schloen. Schonn elo ass sécher, datt d'Joer 2024 fir den Italiener un der Spëtzt vun der Weltranglëscht op en Enn wäert goen.
Am meeschte gelies