Thomas Tuchel iwwerhëlt englesch Futtball-Nationalekipp

© AFP (Archiv)
Den Thomas Tuchel huet e puer Méint no sengem Out beim FC Bayern eng nei Erausfuerderung fonnt.
Trainer-Coup an England: Den Thomas Tuchel ass neien Trainer vun der englescher Futtball-Nationalekipp ginn. Den 51 Joer alen Däitschen ass e Mëttwoch offiziell virgestallt ginn.
Den Tuchel war fir d'lescht Trainer bei de Bayern. Hie war awer och schonns Trainer op der Insel an huet 2021 mat Chelsea d‘Champions League gewonnen. Hie wier deen éischten däitschen Trainer vun den Three Lions an den drëtten Auslänner op deem Posten nom Sven-Göran Eriksson (2001 bis 2006) an dem Fabio Capello (2007 bis 2012). Den englesche Verband hat zanter dem Récktrëtt vum Gareth Southgate no der Néierlag an der EM-Finall am Juli géint Spuenien een neie Cheftrainer gesicht.
Co-Trainer gëtt mam Anthony Barry, deen och scho bei Chelsea an de Bayern op der Säit vum Tuchel stoung.

© AFP (Archiv)