US-President iwwer FIFA-GeneralsekretärEntmuechtung vum Gianni Infantino wier e "schreckleche Feeler", esou Donald Trump

AFP, iwwersat vun RTL
An engem Post op senger Social-Media-Plattform Truth Social huet den US-President dem FIFA-Generalsekretär Gianni Infantino demonstrativ de Réck gestäerkt.
US-Präsident Donald Trump hat Fifa-Boss Gianni Infantino demonstrativ den Rücken gestärkt. Eine Entmachtung des Chefs des Fußball-Weltverbandes wäre "ein schrecklicher Fehler", erklärte Trump in seinem Online-Netzwerk Truth Social.
© AFP

Eng Entmuechtung vum Chef vum Weltfuttballverband wier "e schreckleche Feeler", esou den Trump. Den Infantino wier "fantastesch" an "déi erfollegräichst Weltmeeschterschaft vun allen Zäite" geleet. Den Donald Trump an den Gianni Infantino, dee wéinst enger Investisseur-Affär massiv ënner Drock geroden ass, gëllen als enk Vertrauter.

"D'FIFA géif e risege Feeler maachen, wa se och nëmme consideréiere géifen, de President Gianni Infantino aus iergendengem Grond auszetauschen", esou den US-President. "Wann hie fort ass, wäert et niméi esou erfollegräich oder profitabel sinn!"

Den Gianni Infantino steet zanter sengem Plang, Undeeler vun der Futtball-WM an aneren Turnéieren un Investisseuren ze verkafen, ënner groussem Drock. Zwar huet hie rezent op seng Pläng en Vue vu massive Protester aus der Futtballswelt verzicht, mee trotzdeem huet déi europäesch Fuittballassociatioun UEFA dem FIFA-Chef offiziell d'Vertrauen entzunn.

E Méindeg hunn d'Daachverbänn aus Europa, Nord- a Mëttelamerika wéi och Asien den Drock nach emol erhéicht. De Futtball géing "kengem Eeenzele" gehéieren, esou d'Presidente vun der UEFA, CONCACAF an ACF an engem oppene Bréif un "d'Futtballfamill". Och wann den Infantino hei net mam Numm genannt gouf, ass kloer, u wien d'Reprochen adresséiert waren.

Den Donald Trump an den Gianni Infantino stelle sech ëmmer nees als enk Vertrauter duer. Am Dezember hat de Schwäizer FIFA-Generalsekretär dem US-President en extra fir hie kreéierte FIFA-Friddenspräis iwwerreecht. Wärend der Futtball-WM koum et dunn zum Skandal, wéi d'FIFA no engem Telefonsappell vum Trump beim Infantino eng Spär fir den US-Stiermer Folarin Balogun opgehuewen hat. D'FIFA hat spéider erkläert, d'Decisioun hätt näischt mam Donald Trump ze di gehat.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO