Lëtzebuerg ënnert anerem mam Jeanne Lehair a Gregor Payet vertrueden

Mat 5.500 Triathleten an Triathletinnen aus 79 Natiounen ass et zueleméisseg gesinn déi gréisste Weltmeeschterschaft, déi bis elo organiséiert gouf.
Eng 4.000 Athlete kämpfen ëm d'Weltmeeschterschaftstitelen a verschiddenen Alterskategorien.
Elite Dammen an Hären
De Weltmeeschtertitel ass d'Resultat vun engem Klassement vun den 3 beschten Epreuvë vun enger Serie, déi wärend de leschte Méint waren, plus d'Epreuve vun Torremolinos. Dat bréngt mat sech, dass d'Weltelite um Depart ass. D'Jeanne Lehair läit op der Positioun 7 a misst hir Plaz an der Top 10 weltwäit confirméieren. Fir de Gregor Payet geet et drëm, fir seng gutt Resultater, no senger knapp verpasster Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller, ze confirméieren.

U23
Esouwuel den Aurélien Carré wéi och de Lucas Cambresy kënnen zu Torremolinos weider Erfarunge sammelen, ier d'Seniorskategorie op si wäert waarden.

Junioren a Juniorinnen
An dëser Kategorie si mam David Lang a mam Linda Krombach 2 Talenter am Asaz , déi scho méi ewéi eemol bewisen hunn, dass si zu de beschte gehéieren. Leider huet d'Mara Krombach (Jugendeuropameeschterin) misste kuerz virun der Weltmeeschterschaft Forfait erklären, esou dass keng Ekipp am Relais Mixte konnt opgestallt ginn. Mat der 6. Plaz op der Europameeschterschaft konnt d'Lëtzebuerger Ekipp sech viru Kuerzem viru ville gréisseren Natioune placéieren.

Den Optakt mécht en Donneschdeg d'U23-Kategorie.