E Freideg war et d'Suite vun de Véierelsfinalle beim Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque um Kierchbierg.

An der éischter Véierelsfinall e Freideg huet sech d'Kirsten Flipkens aus der Belsch kloer an zwee Sätz mat 6:1 a 6:4 géint d'Serbin Ana Ivanovic behaapt. Déi fréier Nummer 1 hat am éischte Saz quasi näischt géint d'Belsch ze gutt. Den zweete Saz war méi enk a béid Spillerinne ware bis zum Stand vu 4:4 am Gläichschratt ënnerwee. Duerno huet d'Flipkens awer den Ënnerscheet gemaach a sech den zweete Saz an domat och de Match geséchert. An der Halleffinall kritt si et mam Andrea Petkovic aus Däitschland ze dinn.

Déi lescht Véierelsfinall war däitlech méi enk. D'Slowakin Dominika Cibulkova an d'Italienerin Flavia Pennetta hu sech een intensive Match geliwwert an deem d'Cibulkova sech an zwee Sätz mat zweemol 6:4 behaapt huet. D'Slowakin kritt et an der Ronn vun de leschte véier Spillerinne mam Martina Hingis aus der Schwäiz ze dinn.

D'Halleffinalle ginn e Samschdeg vu 16 Auer u gespillt an nees live op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.