E Samschdeg de Moie war den 106. Kongress vun der FLF an de Lokalitéite vum Lycée Nic-Biever zu Diddeleng.

D’Wale fir an de Verwaltungsrot vun der FLF stoungen am Mëttelpunkt, fënnef Plaze waren ze besetzen an zéng Kandidaten hate sech presentéiert.

Vun de Kandidaten, déi schonn am Verwaltungsrot waren, goufen am éischten Tour de den Tun di Bari an de Leo Hilger gewielt. Nei an den CA kommen den Erny Decker, deen déi meescht Stëmme krut, den Alain Hamer an den Alex Krüger.

Vun de Membres Sortants koumen de Gilbert Goergen an de Christian Hess net méi an de Verwaltungsrot eran. De Charles Schaack hat sech net méi representéiert.

Fir d’Cours d’Appell an de Conseil de Surveillance ware keng Walen, well net méi Interessente sech presentéiert hunn, wéi Plazen zur Verfügung stoungen.

A Presenz vum Sportminister Georges Mischo, dem Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana, dem President vum COSL André Hoffmann wéi och Representantë vun der FIFA an UEFA an natierlech de Representantë vun de Veräiner huet de Kongress bal 3 Stonne gedauert. De President Paul Philipp huet am Ufank vum Kongress an de Réckspigel gekuckt. Haaptsächlech gouf iwwert d’Härennationalekipp geschwat.

Den Philipp huet leider festgestallt, datt an der héchster Divisioun d’Zuele vun de Spectateuren erof ginn. D’Potential wier awer do, mä et muss een dee "Produit" méi attraktiv maachen.

FLF hat  "Plan Stratégique" bis 2026 presentéiert. A bei dësem Plang läit een elo zäitlech gesinn an der Mëtt. De President huet sech gefreet datt d’Zuelen iwwerall an d’Luucht ginn, dat bei de Memberen, den Arbitter, den diploméierten Trainer awer haaptsächlech bei de Jugendspiller. Besonnesch am Alter tëscht 15 an 18 Joer sinn déi Zuelen drastesch geklommen. Allgemeng huet d’FLF elo 48.922 Lizenzen.

D’Aggressivitéit op den Terraine war och ee weidert Thema.

Um Enn hat de President Paul Phillip dem Charles Schaack Merci gesot fir seng ronn 20 Joer Zesummenaarbecht bei der FLF. Den André Hoffmann, President vum COSL, huet ënner anerem de Schutz vun de Jugendspiller am mentalen a physeschem Beräich an de Fokus gestallt. Den Hoffmann huet och ënnerstrach, datt d’Integratioun haaptsächlech an der Jugend eng vun de gréisste Stäerkten ass vun der FLF.

De Sportminister Georges Mischo huet an senger Usprooch an d’Vitrinn gestalt, datt de Budget fir de Sport op 66 Millioune géif klammen. Besonnesch am Nowuessberäich ass do opgebessert ginn. De Congé Sportif, wéi och d’Konzept "Qualité Plus" leien dem Minister um Häerz.

D’Joresberichter goufen all ouni Diskussioun gutt geheescht. D’Federatioun huet fir d‘Joer 2023-2024, mam Ofschloss op den 30. Juni 2024, e Minus gemaach vu ronn 230.000 Euro. Allgemeng gouf ugeschwat, datt et wichteg wier, d’Depensë genee am A ze behalen.

Verschidden Adaptatioune vu Reglementer goufen dem Vott gestalt an deemno och ugeholl.
  
Am extraordinären Deel vum Kongress waren d’Statutten am Mëttelpunkt. D’FLF hat sech zwee Joer gelooss, fir d’Statutte ganz op de Leescht ze huelen an ze moderniséieren. Den 1. Deel ass finaliséiert, huet de Jurist vun der Federatioun Marc Diederich matgedeelt. Déi nei Statutte goufe mat just enger Enthalung an deemno mat ganz grousser Majoritéit gutt geheescht.

6 Veräiner waren zu Diddeleng net present.