D'Lëtzebuerger Triathleetin huet am spueneschen Torremolinos e ganz gutt Resultat realiséiert.

E Samschdeg war d'Elite vun den Damme bei der Weltmeeschterschaft zu Torremolinos am Asaz. Fir Lëtzebuerg war d'Jeanne Lehair, déi och zur Weltelite an dëser Kompetitioun zielt, am iwwer Asaz.

No 1,5 Kilometer Schwammen, 40 Kilometer Vëlofueren an 10 Kilometer Lafen an der andalusescher Sonn koum d'Lëtzebuergerin als 6. an d'Zil. Gewonne gouf d'Kompetitioun iwwer d'olympesch Distanz vun der Franséisin Cassandra Beaugrand.

Andréck vum Jeanne Lehair no der Course
D'Lëtzebuergerin ass bei der Elite op déi 6. Plaz komm.

Am Generalklassement vun der Weltmeeschterschaft läit d'Lëtzebuergerin no der leschter Manche op der 5. Plaz.

RTL

D'Jeanne Lehair mat hirem Staff.