Beim America‘s Cup am Seegelen gouf et e Succès fir Neiséiland.

Déi aacht Mann staark Crew, mam Skipper Peter Burling, huet sech zu Barcelona géint Groussbritannien duerchgesat. Et ass den drëtte Succès hannertenee fir Neiséiland.

Den America‘s Cup, deen et zanter 1870 gëtt, ass déi eelste Seegelregatta op der Welt a gëtt all véier Joer organiséiert.

En anere grousse Rendez-vous am Seegelen, ass nach dëst Joer.  Den10. November ass den Depart vum Vendée Globe. Bei deem geet et ouni Escale ronderëm d'Welt an Skippere sinn ouni Ekipp ënnerwee.