Triathlon-WM
Gregor Payet klasséiert sech als 36.

© Bern Thill
E Sonndeg stoung am spueneschen Torremolinos d'Finall vun der Triathlon-WM um Programm.
Déi lescht Course vun der Weltmeeschterschaft konnt den Australier Hayden Wilde fir sech entscheeden. D'Victoire am General an domat neie Weltmeeschter ass den Alex Yee, deen och scho bei den Olympesche Spiller d'Goldmedail gewonnen hat.
De Lëtzebuerger Gregor Payet ass e Sonndeg de 36. ginn, dat mat engem Retard vu 5:45 Minutten op de Vainqueur. Am General steet hien um Enn op der 68. Plaz.
Am meeschte gelies