Am CNT zu Esch ginn nees déi bescht national Tennisspiller gesicht

© FLT (Archiv)
Dat leschte Joer hate sech am Eenzel de Gilles Kremer an d'Lucie Rabiot den Titel geséchert.
D'FLT Masters by Cardif Lux Vie 2024 gi vum 9. bis de 17. November am Centre national de Tennis zu Esch gespillt. Mëttlerweil ass et schonn déi néngt Editioun.
Bei dësem Tournoi trieden um Enn vun der Saison déi bescht Spiller a Spillerinnen aus dem Land géinteneen un an ermëttelen esou de Champion vun de Championen ënnert sech. Fir d’Spiller ass dëst eng weider Geleeënheet, hiert Talent ënner Beweis ze stellen.
Dëst Joer sinn am Simpel bei den Häre 14 Spiller dobäi, bei den Damme sinn et 12 Spillerinnen. Am Dubbel triede souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme jee sechs Ekippen un.
Victoirë fir de Gilles Kremer an d'Lucie Rabiot 2023
2023 konnt de Gilles Kremer sech beim "FLT Masters by Cardif Lux Vie" an der Finall géint de Christophe Nickels duerchsetzen. Bei den Damme gouf et eng Victoire fir d'Lucie Rabiot géint d'Laura Palumbo. Och am Dubbel waren de Gilles Kremer, zesumme mam Christophe Nickels, an d'Lucie Rabiot un der Säit vum Tatiana Silbereisen, erfollegräich.
LINK: D'Resultater an weider Informatioune ronderëm d'FLT Masters