Manchester United kënnt einfach net an d'Rullen. Och Tottenham léisst Punkte leien. An der Bundesliga ass Bayern München nees Tabelleleader.

Bundesliga

Bochum - Bayern München 0:5

0:1 Olise (16'), 0:2 Musiala (26'), 0:3 Kane (57'), 0:4 Sané (65'), 0:5 Coman (71')

Bayern a Bochum sinn duerch eng Fanfrëndschaft verbonnen, dovun huet een um Terrain awer net vill gesinn. De Rekordmeeschter huet kuerze Prozess mat der Ekipp aus dem Ruhrpott gemaach, an ee Gol war méi schéi wéi deen aneren. Bochum war mat vill Elan an d'Partie gaangen, zwee Standardsituatioune goungen de Bayern awer duer, fir d'Lokalekipp kalzestellen. No der Paus war d'Mass nom drëtte Gol gelies a München huet nach zwee Goler nogeluecht. Domat ass den FCB nees Tabelleleader.

Union Berlin - Eintracht Frankfurt 1:1 

0:1 Götze (14'), 1:1 Hollerbach (66')

Nom fréie Gol fir Frankfurt ass de Match verflaacht a gouf eréischt kuerz virun der Paus nees spannend, well Berlin sech an der Offensiv méi getraut huet. Et huet awer bis zur 66. Minutt gedauert, bis sech Union iwwer den Ausgläich freeë konnt. Si hunn awer op d'Confirmatioun duerch de VAR musse waarden. Frankfurt huet sech ab der 77. Minutt op d'Defense konzentréiert, well si just nach zu Zéngt um Terrain waren. Si kruten den 1:1 awer iwwer d'Zäit gerett.

Heidenheim - Hoffenheim 0:0

Premier League

Crystal Palace - Tottenham 1:0

1:0 Mateta (31')

Crystal Palace huet um 9. Spilldag déi éischt Victoire an der Premier-League-Saison gefeiert. An dat géint en opstriewend Tottenham, dat elo nees méi kleng Bréidercher bake muss.

Chelsea - Newcastle 2:1
1:0 Jackson (18'), 1:1 Isak (32'), 2:1 Palmer (47')

Chelsea war vun Ufank un am Match a goung verdéngt a Féierung. No enger hallwer Stonn koum Newcastle allerdéngs besser an de Match a konnt den Ausgläich markéieren. Direkt nom Säitewiessel huet de Palmer vun engem Ballverloscht vun de Magpies am Opbau profitéiert an huet de Ball no engem Solo vun iwwer 30 Meter am Gol ënnerbruecht. Newcastle hat wuel nach d'Méiglechkeet op den Ausgläich, mee d'Blues ginn um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain.

West Ham - Manchester United 2:1

1:0 Summerville (74'), 1:1 Casemiro (81'), 2:1 Bowen (90'+2, Eelefmeter)

An der éischter Hallschent war ManU déi kloer iwwerleeënd Ekipp, mee de Ball wollt net eran. Dat hunn d'Hammers an der zweeter Hallschent ausgenotzt, well do ware si kloer déi besser Ekipp. West Ham gewënnt um Enn net onverdéngt a bréngt de Stull vum ManU-Trainer Erik ten Hag nees un d'Wackelen.

Arsenal - Liverpool 2:2
1:0 Saka (9'), 1:1 van Dijk (18'), 2:1 Merino (43'), 2:2 Salah (81')

Et war eng intensiv geféiert éischt Hallschent vu béiden Ekippen, wou Arsenal awer e bëssen Iwwerwaasser hat. De fréien 1:0 huet de Gunners Confiance ginn, mee Liverpool konnt der éischter geféierlecher Aktioun den Ausgläich schéissen. Arsenal krut sech nach virun der Paus fir säin Urenne belount a goung mat der Féierung an d'Kabinnen. Liverpool huet laang gebraucht, fir geféierlech virun de géigneresche Gol ze kommen, mee de Salah huet aus kuerzer Distanz fir den Ausgläich gesuergt. Mat dësem Resultat verléieren d'Reds d'Tabelleféierung u Manchester City.

Serie A

Lazio Roum - FC Genua 3:0

1:0 Noslin (21'), 2:0 Pedro (86'), 3:0 Vecino (90'+5)

Inter Mailand - Juventus Turin 4:4
1:0 Zielinski (15'), 1:1 Vlahovic (20'), 1:2 Weah (27'), 2:2 Mhkitaryan (35'), 3:2 Zielinski (37'), 4:2 Dumfries (53'), 4:3 Yildiz (71'), 4:4 Yildiz (82')

Am Derby d'Italia kruten d'Spectateuren am San Siro vill gebueden. Mee d'Gläichspill hëlleft béiden Ekippen net weider an déngt virun allem Neapel. Mailand huet de Match virun allem dowéinst net gewonnen, well si ze vill Chancë leie gelooss hunn. Well Inter an der zweeter Hallschent de Sak net zougemaach huet, konnt Juve vun zwee Goler vun hirem Joker Yildiz profitéieren.

Florenz - AS Roum 5:1
1:0 Kean (9'), 2:0 Beltran (17'), 2:1 Koné (39'), 3:1 Kean (41'), 4:1 Bove (52'), 5:1 Hummels (Selbstgol, 71')

Ligue 1

Lyon - Auxerre 2:2

1:0 Mikautadze (45'+5, Eelefmeter), 1:1 Diomande (47'), 2:1 Mikautadze (62'), 2:2 Traoré (72')

Nice - Monaco 2:1
0:1 Embolo (39'), 1:1 Guessand (45'+1), 2:1 Laborde (71')

Monaco verléiert net just den Derby vun der Côte d'Azur, mee och wichteg Punkten am Kampf ëm d'Meeschterkroun géint Paräis. Kuerz nom 1:1 huet Monaco de Vanderson mat Giel-Rout verluer a war an der zweeter Hallschent ze vill op d'Verteidege konzentréiert. Dat huet Nice um Enn ausgenotzt.

Marseille - PSG0:3
0:1 Neves (7'), 0:2 Balerdi (Selbstgol, 29'), 0:3 Barcola (40')