Rams wannen an Overtime, weider Néierlag fir Cowboys

© AFP
Donieft konnt sech d'Buffalo Bills géint den Division-Rival Miami duerchsetzen an d'Carolina Panthers wannen eng knapp Partie géint d'Saints.
Dallas Cowboys - Atlanta Falcons 21:27
Géint d'Atlanta Falcons hunn d'Dallas Cowboys schonns hir 5. Néierlag an dëser Saison missen astiechen. Wat elo nach dobäikënnt a wuel genau esou wéideet, ass, datt sech an dësem Match de Star-Quarterback Dak Prescott schwéier blesséiert huet. Bei de Falcons leeft et an de leschte Wochen däitlech besser. No engem schlechte Start an d'Saison komme Kirk Cousins a Co. ëmmer besser a Schwong.
Jacksonville Jaguars - Philadelphia Eagles 23:28
Och d'Offensiv vun de Philadelphia Eagles, mat virop dem Quarterback Jalen Hurts gëtt vu Match zu Match besser. 230 Passing Yards an zwee Touchdowns duerch d'Loft, 67 Rushing Yards an een Touchdown um Buedem, dat waren d'Zuele fir den Hurts géint d'Jaguars, deen domat e groussen Undeel un der Victoire hat. Ma och de Saquon Barkley wousst mat sengen 159 Rushing Yards fir een Touchdown ze iwwerzeegen. Donieft huet hien och nach een Touchdown gefaangen.
Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 26:20
D'Partie tëscht de Los Angeles Rams an de Seattle Seahawks war spannend bis zum Schluss. Eréischt an der Verlängerung konnten d'Rams sech duerchsetzen, dat no engem 39-Yard-Touchdown vum Matthew Stafford op den Demarcus Robinson. Op Säite vun de Seahawks ass ganz vill iwwer d'Passspill gaangen: den Geno Smith koum och op impressionnant 363 Yards an 3 Touchdowns, huet allerdéngs och 3 Interceptions geheit. Fir de jonke Seahawks-Receiver Jaxon Smith-Njigba war et e gudde Match: 180 Receiving-Yards an 2 Touchdowns.
D'Matcher am Iwwerbléck
Houston Texans - New York Jets 13:21
Dallas Cowboys - Atlanta Falcons 21:27
Denver Broncos - Baltimore Ravens 10:41
Miami Dolphins - Buffalo Bills 27:30
New Orleans Saints - Carolina Panthers 22:23
Las Vegas Raiders - Cincinnati Bengals 24:41
Los Angeles Chargers - Cleveland Browns 27:10
Washington Commanders - New York Giants 27:22
New England Patriots - Tennessee Titans 17:20
Chicago Bears - Arizona Cardinals 9:29
Jacksonville Jaguars - Philadelphia Eagles 23:28
Detroit Lions - Green Bay Packers 24:14
Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 26:20
Indianapolis Colts - Minnesota Vikings 13:21