Triathlon
Plaz 2 fir d'Jeanne Lehair an der Supertri League

© RTL-Archiv
De Weekend stoung am Triathlon déi lescht Kompetitioun vun der Supertri League um Programm.
D'Jeanne Lehair konnt sech zu Neom a Saudi-Arabien hannert der Olympiagewënnerin aus Frankräich, Cassandre Beaugrand, op der 2. Plaz klasséieren. Am Generalklassement ka sech d'FLTri-Athletin genee wéi 2023 als excellent 2. klasséieren.
No 5 Epreuvë gëtt et eng Victoire fir d'Brittin Georgia Taylor-Brown. Si hat um Enn 2 Punkte Virsprong op d'Jeanne Lehair. D'Cassandre Beaugrand hat als Drëtt e Retard vun 3 Punkten. D'Jeanne Lehair hat am August d'Epreuve vu Boston gewonnen. Fir d'Taylor-Brown ass et no 2021 an 2022 den 3. Titel an der Supertri League.
Am meeschte gelies