Coco Gauff wënnt den Titel géint d'Qinwen Zheng am Tiebreak

© AFP
E Samschdeg waren am Tennis bei den Dammen d'Finallen am Eenzel an am Dubbel vum WTA-Turnéier zu Riyad.
Am Eenzel huet sech d'Coco Gauff no zwee Sätz mat 7:2 Tiebreak géint d'Qinwen Zheng an der Finall no méi wéi dräi Stonnen den Titel geséchert. Déi zwou Kontrahentinnen hate sech um Terrain vun Ufank un net vill huele gelooss. No enger spannender Ufanksphas mat immens enke Jeuxe konnt d'Qinwen Zheng den éischte Saz no an no ëmmer méi u sech rappen a mat 6:3 a Féierung goen. Dës staark Schlussphas aus dem éischte Saz konnt d'Chineesin och mat an den zweete Saz eranhuelen. D'Nummer Dräi vun der Welt Coco Gauff krut sech allerdéngs gefaangen. Si huet sech zréckgekämpft an dee Saz um Enn mat 6:4 fir sech entscheet. Am leschten decisive Saz war et bis an de leschte Jeu eran ausgeglach an d'Spannung um Héichpunkt, wéi et an den Tiebreak gaangen ass. Hei hat um Enn d'Coco Gauff d'Nues vir.
Am Dubbel gouf et e Samschdeg de Mëtteg an der Finall eng Victoire fir d'Gabriela Dabrowski zesumme mam Erin Routliffe. Si konnte sech no zwee Sätz mat 7:5 a 6:3 géint d'Katerina Siniakova an d'Taylor Townsend duerchsetzen.