De Christophe Kass ass op der Fola als Éischten iwwer d'Arrivée gelaf. Bei den Dammen huet d'Liz Weiler gewonnen.

Wann een de Kalenner vun der Cross-Saison ënnert d'Lupp hëlt, da stellt ee fest, datt dat Ganzt sech vun Ufank Oktober bis Ufank Dezember ofspillt. Ronn 4 Méint manner wéi dat déi Jore virdrun de Fall war. D'Cross-Saison ass ee vun den Elementer, déi an der Planifikatioun vun der Saison vun der Federatioun virgeholl an un den Internationale Kalenner ugepasst goufen. Ënner anerem gëtt et wärend der Saison keen Indoormeeting.

Sécherlech ass dat um Pabeier sënnvoll. Kuckt ee sech allerdéngs déi kleng Zuel vun de Crossleefer un, a wéi wéineg vun deenen eng Indoor-Saison maachen, dann ass dëst net onbedéngt un eis Situatioun ugepasst.

Mat 13 Senioren an 3 Seniorinnen huet d'Bild op der Fola nach besser ausgesinn, wéi op anere Crosse virdrun. Vu 450 Participanten um Cross vum Veräin aus dem Süde ware méi wéi dräi Véierel ënner 14 Joer. Bei de Kanner sinn d'Crosse beléift, a si wiere bestëmmt begeeschtert, fir och nach am Wanter kënnen duerch de Bulli oder de Schnéi ze lafen.

De Christoph Kass ass um Samschdeg um Deulux Laf iwwer 10 km eng perséinlech Beschtzäit gelaf an hat och um Sonndeg, um Cross vu sengem Veräin, d'Nues virum Sven Remakel an dem Max Lallemang vir. D'Liz Weiler ass als éischt vun den dräi Dammen iwwer d'Linn gelaf.

Sécherlech wäert d'Federatioun um Enn vun der Saison eng Analys iwwert de Plus a Minus vun der neier Saison-Struktur maachen.