Am Kader vun der Campagne Equality Moves gouf et dës Woch eng Konferenz.

Héichrangeg Vertrieder vum Sports- a Gläichstellungssecteur zu Lëtzebuerg sinn zesummekomm, fir iwwer aktuell Erausfuerderungen a méiglech Léisunge fir eng méi inklusiv Sportswelt ze diskutéieren. Organiséiert vum Ministère fir Gläichstellung a Diversitéit, goufe wichteg Iddien zur Fërderung vu Gläichstellung am Sport presentéiert.
 
D’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes huet betount, wéi wichteg et ass, de Sport fir all Mënsch zougänglech ze maachen a Stereotyppen ofzebauen. Si huet an hirer Usprooch och en neie Pilotprojet ugeschwat, dee Sportler als Deel vun engem Safeguarding-Programm virun Diskriminatioun a Mëssbrauch schütze soll. 
 
De Sportminister Georges Mischo huet de Sport als Spigelbild vun eiser Gesellschaft beschriwwen. Hien huet an dësem Kontext drop higewisen, datt d’Verännerungen, déi mer am Sport gesinn, dacks en direkten Afloss op d’sozial Landschaft hunn. Fir hien ass et essentiel, datt de Sport eng Plaz gëtt, déi Wäerter wéi Respekt, Inclusioun, Toleranz an Diversitéit fërdert.
 
D‘Norma Zambon huet iwwer hir Erfarung als weiblech Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun geschwat. Hir Presenz als weiblech Leaderin steet als Beispill fir eng méi divers Zukunft am Sport.
 
Fir den Ofschloss huet d’Doktesch Sandra Heck vum Institut National des Arts et des Sciences du Sport iwwer rezent Fuerschungen an Erfarunge geschwat, besonnesch am Kontext vun der Representatioun vu Fraen als Trainerinnen an als Féierungsfiguren am Sport. Si huet ervirgehuewen, dass de Sport en Nohaltegkeetsmotor fir Gläichstellung spille kann.
 
Dës Konferenz huet gewisen, datt Lëtzebuerg e staarke Wëllen huet, Gläichstellung am Sport ze fërderen an eng Plaz wëll schafen, wou jidderee sech wuel fillt a säi Potenzial ausschöpfe kann.

De ganze Video vun der Campagne fannt dir op equalitymoves.lu.