E Sonndeg ass d'Finall vun de Kyotec Open gespillt ginn.

D'Céline Naef huet den ITF-Tennis-Tournoi zu Péiteng gewonnen. D'Spillerin aus der Schwäiz huet sech an zwee Sätz mat 6:2 a 6:4 géint d'Franséisin Océane Dodin duerchgesat.

Den Tournoi war mat 60.000 Dollar dotéiert.

Andréck vun de Kyotec Open 2024