Donieft verléieren d'Broncos knapps géint d'Chiefs, d'Steelers behaapte sech géint d'Commanders an d'Lions klappen d'Texans.

Cincinnati Bengals - Baltimore Ravens 34:35

En Offensivspektakel gouf et an der Partie tëscht de Cincinnati Bengals an de Baltimore Ravens. Mat 35:34 konnte sech d'Ravens duerchsetzen a feieren domat déi 7. Victoire an dëser Saison. D'Quarterbacks vu béiden Ekippen haten ee richteg gudden Dag erwëscht: den Joe Burrow (428 Passing Yards) an de Lamar Jackson (290 Passing Yards) hunn allebéid 4 Touchdown-Passe geheit. Bei de Bengals koum de Star-Wide-Receiver op ganz staark 264 Receiving Yards an dräi Touchdowns. Um Enn gouf d'Partie doduerch decidéiert, datt d'Bengals no hirem leschten Touchdown net fir en Extra-Punkt gekickt hunn, fir op 35:35 ze stellen an esou an d'Overtime ze goen, ma sech fir eng 2-Point-Conversion decidéiert hunn. Dës huet net geklappt, esou dass d'Bengals ebe mat just engem Punkt Virsprong gewonnen hunn.

New York Giants - Carolina Panthers 17:20

Zu München an der Allianz Arena gouf am Kader vun den internationalen NFL-Matcher eng manner intressant Partie gespillt, dofir awer net manner spannend. Hei ass et nämlech an d'Verlängerung gaangen, woubäi sech d'Panthers mat engem Field Goal vum Eddy Pineiro d'Victoire séchere konnten. Un der eréischt drëtter Victoire an der lafender Saison hat virop de Running Back Chuba Hubbard e groussen Undeel, dat mat 153 Rushing Yards an engem Touchdown.

Denver Broncos - Kansas City Chiefs 14:16

Och am 9. Match vun der Saison bleiwen d'Kansas City Chiefs ongeschloen. Richteg iwwerzeegend war d'Ekipp ronderëm de Star-Quarterback Patrick Mahomes nach net, ma se sinn effektiv a fannen ëmmer déi richteg Léisungen, wann et néideg ass. Am Match géint d'Broncos hu si a leschter Sekonn e Field-Goal-Versuch vum Will Lutz geblockt an esou eng Néierlag verhënnert. Domat bleift den Titelverdeedeger also ongeschloen.

All d'Matcher am Iwwerbléck

Cincinnati Bengals - Baltimore Ravens 34:35

New York Giants - Carolina Panthers 17:20

New England Patriots - Chicago Bears 19:3

Buffalo Bills - Indianapolis Colts 30:20

Minnesota Vikings - Jacksonville Jaguars 12:7

Denver Broncos - Kansas City Chiefs 14:16

Atlanta Falcons - New Orleans Saints 17:20

San Francisco 49ers - Tampa Bay Buccaneers 23:20

Pittsburgh Steelers - Washington Commanders 28:27

Tennessee Titans - Los Angeles Chargers 17:27

New York Jets - Arizona Cardinals 6:31

Philadelphia Eagles - Dallas Cowboys 34:6

Detroit Lions - Houston Texans 26:23