De Lëtzebuerger Handballnationalspiller hat sech e Samschdeg an der Europameeschterschaftsqualifikatiounspartie géint Kroatien d'Achillesseen gerass.

Dat schonn direkt am Ufank vun der zweeter Hallschent vum Match. Et wier souwuel fir den 30 Joer ale Spiller, d'Nationalekipp wéi och fir säi Veräin, de Champion HC Bierchem, en haarde Coup, fënnt och de Ben Weyer, Kapitän vun der FLH-Formatioun, wéi och vun deene Réiserbänner:

Extrait Ben Weyer

"Jo, dat ass richteg. Ganz, ganz batter Verletzung vum Yann. An éischter Linn natierlech fir hie perséinlech an och fir hie sportlech gesinn, wann ee gesäit, wéi gutt a Form hien déi lescht Zäit war. Net nëmmen déi lescht Saison MVP a beschten Torschütze gi vun der Liga, mee och dës Saison genau do weidergemaach. Dat ass natierlech elo e grousse Réckschlag fir hien an och fir d'Nationalekipp wéi gesot. Ganz kloer ee vun den - wann net dee wichtegste Spiller vum HC Bierchem, deen elo eng laang Zäit ausfält. Lo gëllt et ze probéieren, dat sou gutt wéi méiglech ze kompenséieren, och wann ech denken, dass dat esou eent zu eent net méiglech ass, de Yann Hoffmann ze ersetzen. Mee mir hunn aner Spillertyppen, wou e gudden Handball spillen, och nach jonker hannendrunner, déi eventuell dann an déi Lück do erarutschen an hoffentlech déi Aarbecht sou gutt wéi méiglech dann erfëllen. Ech denken, elo gëllt et natierlech bei eis zu Bierchem am Réckraum, de Raphaël Gudden an de Lé Biel, déi do déi ganz Verantwortung droe wäerten, nieft dem Ben Majerus an hoffentlech dann nach e jonken, eventuell en Oscar Wener oder sou, deen dann do mat erarutscht."

De Yann Hoffmann ass e Méindeg schonn an der Eecher Klinik operéiert ginn. De Rass vun der Achillesseen bedeit am Prinizip en Out vun op d'mannst 6 Méint. E Retour virum Enn vun der Saison ass kaum virstellbar.