BiathlonIwwerraschend Victoire am Sprint fir d'Paula Botet

RTL Lëtzebuerg
D'Paula Botet huet sech am Biathlon zu Oberhof no 7,5 Kilometer iwwerraschend d'Victoire am Sprint geséchert.
© AFP

Bei schwierege Wiederkonditiounen ass d’Franséisin um Schéissstand feelerfräi bliwwen. Um Enn hat déi 24 Joer al Athletin eng Avance vun 31 Sekonnen op d’Maren Kirkeeide aus Norwegen a vu 35 Sekonnen op d’Bulgarin Milena Todorova. Der Paula Botet hiert bescht Weltcup-Resultat virum Sprint en Donneschdeg war eng 21. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO