Iwwer 400 Meter
Fanny Arendt stellt neien nationale Rekord op

© leungchopan (Envato)
Am US-amerikanesche Lubbock an Texas ass e Freideg den Owend een neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt ginn.
Beim Corky Classic war d'Fanny Arendt iwwer 400 Meter un den Depart gaangen an ass dobäi mat engem Chrono vu 54.00 Sekonnen op déi 10. Plaz gelaf. Domat huet si den alen Indoor-Rekord vum Charline Mathias aus dem leschte Joer ëm 1.80 Sekonne verbessert an och den Outdoor-Rekord vum Fréderique Hansen aus dem Joer gouf ëm 0.05 Sekonne getoppt.
Am meeschte gelies