Bei den Australian Open stoungen e Freideg an e Samschdeg de Moien d'1/16-Finallen um Programm.

Hären

Fir d'Nummer 4 vun der Weltranglëscht Taylor Fritz geet et no enger Defaite géint de Gael Monfils net méi weider. Den US-Amerikaner huet sech no véier Sätz mat 1:3 (6:3, 5:7, 6:7, 4:6) misse geschloe ginn.

Eliminéiert ass dann och de Lorenzo Musetti. Dat géint de Ben Shelton, dee sech mat 3:1 (6:3, 3:6, 6:4, 7:6) géint den Italiener duerchsetze konnt.

An den 1/8-Finalle vun den Häre kënnt et zu dësen Dueller:

Alejandro Davidovic Fokina - Tommy Paul
Jack Draper - Carlos Alcaraz
Ugo Humbert - Alexander Zverev
Novak Djokovic - Jiri Lehecka
Alex Michelsen - Alex de Minaur
Lorenzo Sonego - Learner Tien
Gael Monfils - Ben Shelton
Jannik Sinner - Holger Rune

Dammen

Bei den Dammen huet et d'Jasmine Paolini net iwwer d'1/16-Finallen eraus gepackt. D'Elina Svitolina konnt sech hei mat 2:1 (2:6, 6:4, 6:0) géint d'Nummer 4 vun der Weltranglëscht duerchsetzen.

D'Partië vun den 1/8-Finallen am Iwwerbléck:

Aryna Sabalenka - Mirra Andreeva
Donna Vekic - Anastasia Pavlyuchenkova
Coco Gauff - Belinda Bencic
Paula Badosa - Olga Danilovic
Emma Navarro - Daria Kasatkina
Eva Lys - Iga Swiatek
Veronika Kudermetova - Elina Svitolina
Elena Rybakina - Madison Keys