Den dräifache Weltmeeschter steet op en Neits an der Finall a bréngt Portugal op de Buedem vun den Tatsaachen zeréck.

D’Ausgangssituatioun virum Match war kloer: Dänemark konnt just verléieren, Portugal konnt weider Geschicht schreiwen. Gewosst war och, dass de Géigner an der Finall Kroatien wär, dat sech en Donneschdeg 31:28 géint Frankräich duerchgesat hat.

An der Arena zu Oslo hat den amtéierende Weltmeeschter staark ugefaangen a Portugal séier op 3-4 Goler distanzéiert. D’Iberer hu fir d’éischt emol an de Match fanne mussen, konnten awer bis zur 20. Minutt opschléissen a souguer gläichstellen, firwat Dänemark en Timeout gezunn huet. Bis d'Paus konnten d’Skandinavier awer nees op 4 Goler dervunzéien (20:16).

An der zweeter Hallschent ass den dänesche Motor sou richteg an d’Rulle komm. D‘Skandinavier konnte sech bis zur 40. Minutt op 9 Goler ofsetzen, virun allem, well den dänesche Golkipp Nielsen Portugal zur Verzweiwlung gedriwwen huet. Egal wat Portugal versicht huet, Dänemark hat eng Äntwert parat. Virun allem déi vill technesch Feeler goufen de Portugisen zum Verhängnis. Och d‘Duell tëscht den zwee Topp-Lénkshänner vun der WM, Francisco Costa bei Portugal a Mathias Gidsel op der Säit vun Dänemark, goung kloer un de Welthandballer.
Déi lescht 15 Minutte waren nach fir d’Galerie, well de Gewënner scho feststoung. Um Enn gewënnt Dänemark 40:27, dat op en Neits mat méi wéi 10 Goler – just géint Tschechien (28:22) gouf dëse Score verpasst. Trotz der héijer Néierlag ass et fir Portugal dat bescht Resultat a senger Geschicht – an et kéint souguer nach déi 3. Plaz eraussprangen, wann ee géint Frankräich gewanne sollt.

An der Finall e Sonndeg treffe mat Dänemark a Kroatien zwee Co-Organisateuren openeen. Fir d’Dänen ass et déi véiert Finall hannerteneen, fir d‘Kroaten ass et déi éischt Finall zënter dem Joer 2009, wéi si deemools doheem géint Frankräich zu Sëlwer koumen.
 
Grouss Annonce vun Italien

Am Virfeld vun der zweeter Halleffinall huet d‘italieenesch Handball-Federatioun matgedeelt, dass den Däitsche Bob Hanning Nofollger vum Nationaltrainer Riccardo Trillini gëtt. Säin Engagement wäert am Mäerz mat den éischte Matcher an der EM-Qualifikatioun ufänken. Zil wär et, den italieeneschen Handball op e méi héije Level ze bréngen a konstant bei Welt- an Europameeschterschaften dobäi ze sinn. De Riccardo Trillini, deen 8 Joer Nationaltrainer an Techneschen Direkter vun der Squadra Azzurra war, war vun 2013 bis 2017 Trainer vum HB Käerjeng. Den Italieener huet weiderhi gutt Kontakter op Lëtzebuerg.