Um Freideg war et d'Suite vum 18. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

D'Sparta Bartreng mécht mat enger 77:64-Victoire géint de Champion Amicale Steesel a grousse Schrëtt a Richtung Play-offs, nëmmen nach mathematesch kéint Bartreng eng Plaz ënner den Top 8 verpassen. Ouni de Bob Melcher hat Steesel offensiv Schwieregkeeten a konnt a kengem Véierel méi wei 18 Punkte markéieren. Op der Bartrenger Säit koum den Nationalspiller Max Logelin 18 Punkten.

De Basket Esch konnt sech iwwer de Retour vum Clancy Rugg freeën an huet sech doheem mat 93:79 géint d'Arantia Fiels behaapt. Jeeweils 22 Punkten hunn den Thomas Grün an de Gregory Milton zur Victoire bäigesteiert.

Den AB Conter setzt sech mat 88:64 géint d'Musel Pikes duerch. D'Gäscht hu mam Maurice Gordon en neie Profi agesat, an der zweeter Hallschecht konnten d'Pikes allerdéngs net méi mathalen a Conter setzt sech mat enger ausgeglachener Ekippeleeschtung duerch.

RTL

© Sam Welter

Den T71 Diddeleng wënnt däitlech mat 92:69 zu Munneref, an der Paus louchen d'Gäscht scho mat 57:25 a Féierung. Mat 25 Punkten huet den Edward Colbert am beschte getraff bei de Gäscht. Den neie Profispiller vu Munneref, Jeremy Ingram, hat mat 12 Punkten net de gewënschten Impakt beim Opsteiger.

De Leader Etzella Ettelbréck setzt sech auswäerts souverän mat 100:69 géint Hiefenech duerch, d'Lokalekipp huet och dëse Match nëmme mat engem Profi gespillt. Bei de Gäscht huet den Jimmie Taylor 37 Punkten gehäit.

Duebele Spilldag 

Um Mëttwoch hat sech Mamer auswäerts 98:92 géint d'Résidence Walfer duerchgesat.

Um Sonndeg steet de kompletten 19. Spilldag bei den Hären um Programm. An der Enovos League vun den Dammen ass aktuell Paus, dat well d'Dammennationalekipp d'nächst Woch an der EM-Qualifikatioun am Asaz ass.