Um Samschdeg war d'Suite vum 20. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

Den T71 Diddeleng verdeedegt déi zweet Plaz an der Tabell mat enger däitlecher 84:61-Victoire géint d'Musel Pikes. D'Gäscht louchen an der Paus schonn 48:18 a Féierung, de Profispiller Edward Colbert hat zu deem Moment méi Punkten um Kont (23) wéi d'Ekipp vun de Pikes. Um Enn koum de Colbert op 30 Punkten, insgesamt huet Diddeleng 13 Dräier getraff.

De Resumé vun der Partie Pikes-T71 / Reportage Jeff Kettenmeyer
RTL

D'Pikes géint den T71 / © Jeff Kettenmeyer / RTL

De Champion Amicale Steesel wënnt mat 91:63 zu Hiefenech. D'Lokalekipp huet dëse Match ouni Profispiller gespillt, béid Ekippen hu vill rotéiert a bei de Gäscht vu Steesel hunn 10 Spiller Punkte markéiert.

De Leader Etzella Ettelbréck kasséiert déi zweet Néierlag dës Saison, dat auswäerts zu Conter. D'Lokalekipp setzt sech knapp mat 82:76 duerch, dobäi konnt de Tyrell Sturdivant mat 25 Punkten iwwerzeegen.

D'Sparta Bartreng klappt d'Arantia Fiels97:84 an zitt domat an der Tabell mam Géigner gläich. D'Gäscht, déi just mat engem Profispiller gespillt hunn, konnten de staarke Kollektiv vu Bartreng net stoppen. Mat 23 Punkten hat de Max Logelin déi meeschte Punkten um Kont bei der Lokalekipp.

Comeback vum Raul Birenbaum

De Basket Esch setzt sech auswäerts no enger spannender Schlussphas mat 96:91 géint d'Résidence Walfer duerch. Ouni de Clancy Rugg hu bei de Gäscht den Thomas Grün (25 Punkten) an de Quinten Nelson (24) Verantwortung iwwerholl. Bei Walfer stoung de fréieren Nationalspiller Raul Birenbaum nees mat um Terrain, hie koum bei sengem Comeback op 20 Minutten Asazzäit.

Um Freideg hat sech Mamer mat 95:81 géint Munneref duerchgesat.

D'Enovos League bei den Häre geet elo an eng Paus, well d'Nationalekipp vun den Hären den 20. Februar an Norwegen am Asaz ass.