D'US-Amerikanerin, déi mat hiren 29 Joer bis elo nach ni e Weltcup gewonnen huet, war 15 Honnertstel méi séier wéi d'Myriam Puchner aus Éisträich.

Op der Schi-WM zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich gouf et e Samschdeg de Moien an der Descente bei den Dammen eng grouss Iwwerraschung. Mat der Startnummer 1 ass d'Amerikanerin Breezy Johnson eng Zäit vun 1 Minutt, 42 Sekonnen an 29 Honnertstel gefuer. Weder d'Sofia Goggia nach d'Corinne Suter, déi zu de grousse Favoritinne gezielt hunn, sinn un dës Zäit erukomm. Um Enn klasséiere sech hannert der Breezy Johnson op der 2. Plaz d'Éisträicherin Mirjam Puchner (+0.15 Sekonnen) an Tschechin Ester Ledecká (+0.21 Sekonnen).

Fir d'Breezy Johnson ass et net nëmmen déi éischt Medail bei enger WM, mee iwwerhaapt déi 1. Victoire an hirer Karriär. Bis ewell stoung si 7 Mol um Podium, allerdéngs nach ni ganz uewen.

D‘Lindsey Vonn aus den USA fiert mat hire 40 Joer op déi 15. Plaz,  ronn 2 Sekonnen hannert der neier
Weltmeeschterin.

Schisprangen

Beim Weltcup am Schisprangen zu Lake Placid an den USA gouf et e Samschdeg eng Victoire fir den Norweger Johann Andre Forfang. Hien huet sech virun den Éisträicher Jan Hörl an Daniel Tschofenig behaapt.