D'Anna Zens huet Los Angeles am Bléck
2022 ass d’Anna Zens a sengem éischte Weltcup um Olympiabierg Montjuïc zu Barcelona ugetrueden a war och dëst Joer nees um Start.
Ma nom olympesche Qualifikatiounstournoi am Abrëll d’lescht Joer zu Déifferdeng hat sech déi jonk Sportlerin verletzt. Elo geet et drëms, gutt an den nächsten olympeschen Zyklus ze starten, an der Weltranglëscht no uewen ze klammen a sech ënnert ronn 300 Fechterinne fir den zweeten Dag vun de beschten 62 ze qualifizéieren.
Am Fechte brauch een natierlech ganz vill Technik, Schnellegkeet a Reflexer. Ma entscheedend ass de mentale Beräich. Aus dem Escher Escrime Sud ass seng perséinlech Trainerin mat op Barcelona gereest. Zanter knapps dräi Joer schaffen déi Zwee schonns zesummen a vertraue sech blann. D’Imke Duplitzer fënnt, d‘Anna Zens hätt alles wat et brauch, fir et 2028 op Los Angeles ze packen. A si muss et wëssen, schliisslech war déi zweefach däitsch Europameeschterin selwer fënnef Mol dobäi. Ma Olympesch Spiller si kee Selbstleefer, an et muss een aus senger Komfortzon.