Loïc Meillard ass Slalom-Weltmeeschter, 41. Plaz fir de Matthieu Osch

© AFP
Am Schi Alpin ass e Sonndeg zu Saalbach an Éisträich d'Weltmeeschterschaft am Slalom gefuer ginn.
Mam Schwäizer Loïc Meillard konnt ee vun de Favoritte sech den Titel sécheren. Mat 59.42 Sekonnen konnt hie sech am éischten Duerchgang eng Avance erausfueren, déi um Enn sollt decisiv sinn. Just de Fransous Clément Noël war do nach méi séier, ma säin zweeten Duerchgang huet wéinst engem Feeler net gezielt.
D'Plazen 2 an 3 sinn esou un den Norweger Atle Lie McGrath an un den Däitsche Linus Straßer gaangen, dat mat engem Retard vu 26 respektiv 52 Honnertstel.
Mam Matthieu Osch war zu Saalbach och e Lëtzebuerger um Depart, deen et an der Finall op déi 41. vu 57 Plaze gepackt huet. No der éischter Manche hat hien e Retard vun 8.56 Sekonnen op de Leader Noël, woumat hie sech als 54. fir den zweeten Duerchgang qualifizéiert hat. Um Enn war et dunn e Réckstand vu 16.68 Sekonnen op de Gewënner Meillard.