Tennis
Novak Djokovic fuerdert Reform vun Anti-Dopping-Reegelen

© SID/Adrian Dennis
Hannergrond si Fäll wéi déi vun den Top-Spiller Jannik Sinner an Iga Swiatek, déi allen zwee relativ kuerz gespaart goufen.
Iwwerdeems goufen aner Spiller däitlech méi streng bestrooft. De Sinner huet eng Spär vun dräi Méint acceptéiert, nodeems e positiv op Clostebol getest gouf, d’Swiatek gouf ee Mount gespaart, iwwerdeems déi fréier Nummer eent op der Welt Halep fir véier Joer gespaart ginn as. Dat gouf duerno op néng Méint reduzéiert. Den Djokovic warnt virdrun, Top-Spiller ze privilegéieren. Vill aner Spiller wieren onzefridden a géingen d’Vertrauen an d'Welt-Anti-Dopping-Agence WADA an d’International-Tennis-Integrity Agency verléieren.
Am meeschte gelies