E Samschdeg stoung am Wantersport virun allem Biathlon a Schi Alpin um Programm.

Bei der Biathlon-WM zu Lenzerheide gouf et an der Dammestaffel souverän Gold fir Frankräich. D'Lou Jeanmonnot, d'Oceane Michelon, d'Justine Braisaz-Bouchet an d'Julia Simon haten um Enn eng Avance vu méi wéi enger Minutt op Norwegen. Déi drëtt Plaz war fir d'Schwedinnen. Déi däitsch Staffel ass fir déi éischte Kéier zanter 6 Joer ouni Medail bei enger grousser Kompetitioun bliwwen.

Bei der Härestaffel gouf et iwwerdeems eng souverän Victoire fir Norwegen, knapp 42 Sekonne viru Frankräich an 1 Minutt a 35 Sekonne virun Däitschland. Fir de Johannes Thingnes Bö, den norwegesche Schlussleefer, war et iwwerdeems seng 23. Goldmedail bei Weltmeeschterschaften.

Beim Weltcup am Schi Alpin zu Sestriere huet d'Federica Brignone de Riseslalom gewonnen. D'Weltmeeschterin aus Italien huet bei hirer Heem-Course de Réckstand aus dem éischte Laf konnte guttmaachen, fir um Enn eng souverän Victoire ze feieren, dat nodeems séi am éischte Laf nëmmen op der véierter Plaz louch. Déi zweet Plaz goung un d'Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz mat engem Retard vu 77 Honnertstel. Déi drëtt Plaz war fir d'Alice Robinson aus Neiséiland. D'Vize-Weltmeeschterin hat e Retard vun 79 Honnertstel.

Bei den Häre gouf d'Descente zu Crans-Montana gefuer an hei hunn d'Schwäizer nees komplett dominéiert. De Weltmeeschter Franjo von Allem huet sech viru senge Landsmänner Marco Odermatt (+0,13 Sekonnen) an Alexis Monney (+0,42 Sekonnen) duerchgesat.