Donieft ass Manchester United no engem 0:2-Réckstand géint Everton zeréckkomm a Milan huet zu Turin verluer.

Arsenal muss e Réckschlag am Kampf ëm de Championstitel an der Premier League astiechen. D'Gunners hu sech e Samschdeg mat 0:1 géint West Ham misse geschloe ginn, iwwerdeems Manchester United sech ee Punkt géint Everton erkämpft huet. Aston Villa dréint Réckstand a wënnt 2:1 géint Chelsea.

An der Serie huet den AC Mailand géint den FC Turin verluer. Nom Aus an der Champions League leeft et och am nationale Championnat net ideal.

A Frankräich huet Lille de Spëtzematch géint Monaco mat 2:1 gewonnen. Domat iwwerhëlt Lille Monaco och an der Tabell a steet elo emol provisoresch op der drëtter Tabelleplaz.

Atlético Madrid huet sech a Spuenien iwwerdeems no enger däitlecher Victoire géint Valencia provisoresch un d'Tabellespëtzt gesat.

Premier League

Arsenal - West Ham 0:1
0:1 Bowen (44'), Rout Kaart Lewis-Skelly (73')

Everton - Manchester United 2:2
1:0 Beto (19'), 2:0 Doucouré (33'), 2:1 Bruno Fernandes (72'), 2:2 Ugarte (80')

Aston Villa - Chelsea 2:1
0:1 Fernandez (9'), 1:1 Asensio (57'), 2:1 Asensio (89')

Serie A

FC Turin - AC Mailand 2:1

1:0 Selbstgol Thiaw (5'), 1:1 Reijnders (74'), 2:1 Gineitis (76')

Ligue 1

Lille - Monaco 2:1
1:0 Haraldsson (22'), 2:0 Haraldsson (42'), 2:1 Minamino (45')

La Liga

Valencia - Atlético Madrid 0:3

0:1 Alvarez (12'), 0:2 Alvarez (30'), 0:3 Correa (86')