Den Tornado hat sech scho virum leschte Spilldag fir de Playoff qualifizéiert.

Am Äishockey huet sech den Tornando an der zweeter Divisioun a Frankräich um leschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn 6:7 géint Rouen 2 misse geschloe ginn.

D'Lëtzebuerger bleiwen awer op der 5. Plaz an der Tabell.

800 Spectateure ware fir de Match op d'Kockelscheier komm.

Den nächste Samschdeg geet et am Playoff scho weider mat der Partie heiheem géint Montpellier.