Champions-League-Voting
58% fir de Match tëscht Bayern München a Bayer Leverkusen

© RTL Grafik
Déi nächst Woch sinn d'Aachtelsfinallen an der Futtball-Champions-League.
Déi lescht 24 Stonne konnt Dir ofstëmmen, wéi ee Champions-League-Match Dir den nächste Mëttwoch wëllt kucken. D'Resultat ass kloer, de Match Bayern München géint Bayer Leverkusen krut 58% vun de Stemmen. 22% ware fir Benfica géint Barcelona an 20% fir PSG géint Liverpool.
Am Ganzen hu 7.652 Leit matgemaach.
En Dënschdeg de 4. Mäerz kënnt Dir deemno de Match Real Madrid géint Atletico Madrid um RTL ZWEE kucken, e Mëttwoch dann FC Bayern München géint Bayer Leverkusen.
Am meeschte gelies