Boris Spasski am Alter vun 88 Joer gestuerwen

© AFP
De fréiere Schachweltmeeschter Boris Spasski ass am Alter vun 88 gestuerwen.
Vun 1969 bis 1972 war de Russ Schachweltmeeschter. 1972 huet hie säin Titel iwwerraschend un den US-Amerikaner Bobby Fischer verluer. Deemools gouf vum "Match vum Joerhonnert" geschwat.
1992 koum et an engem inoffizielle Match, matten am Biergerkrich a Jugoslawien, zum Remake tëscht dem Spasski an dem Fischer. Obwuel den Amerikaner bis dohinner wärend 20 Joer keen offizielle Match méi gespillt hat, huet hien de Match géint de Boris Spasski nees gewonnen. Am Laf vun de Jore goufen d'Géigner Spasski a Fischer bescht Frënn.
Zu den Ëmstänn vum Spasski sengem Doud si bis ewell keng Informatioune bekannt. 2006 an 2010 hat de hien zwee Hiereschléi. No iwwer 30 Joer a Frankräich huet hien zanter 2012 zu Moskau gelieft.