Déi 32. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg ass vum 12. op de 15. Juni respektiv vum 19. op den 22. Juni.

Um éischte Weekend stinn CSI-Sprangen vun 1 an 3 Stären um Programm. Bei dräi Kompetitioune ginn et och Punkte fir de World Ranking, an deem ronn 3.000 Reider an Reiderinne vertruede sinn. Dat ass eng gewësse Garantie, fir datt och dëst Joer nees eng Partie vun de Weltbeschten de Wee op Lëtzebuerg wäert fannen.

Keen Natiounepräis

Dat lescht Joer gouf et mam Longines Natiounepräis eng Première. Am Prinzip sollt deen och dëst Joer nees sinn. Et ass awer esou, datt deen Ament den Tournoi zu Réiser hätt mussen am Datum no vir gezu ginn.

Dat wollten d‘Organisateuren awer net. Dobäi wier och nach komm, datt Lëtzebuerg, ënnert anerem duerch dem Charlotte Bettendorf hir Spär vun der Lëtzebuerger Anti-Dopping-Agence, keng Ekipp zesumme kritt hätt. Eng Participatioun vum Victor Bettendorf wier och net sécher gewiescht, well hien nach aner Engagementer huet.

Bëschfest kritt eng zweet Oplag

Dat leschte Joer war d‘Bëschfest am Kaderprogramm vun de Réiser Päerdsdeeg eng éischte Kéier mat integréiert. Leider hunn awer net all ze vill Leit de Wee an de Bësch fonnt. Am Virfeld wier d‘Kommunikatioun fir dëst Evenement, net déi bescht gewiescht. Dëst Joer wëll een dat verbesseren an et hofft een, datt d‘Bëschfest an Zukunft seng fest Plaz  bei de Réiser Päerdsdeeg wäert fannen.