Fir déi 11. Kéier a senger Karriär huet de Schweed Armand Duplantis säin eegene Weltrekord am Stafhéichsprong gebrach.

Beim All Star Perche Vault zu Clermont-Ferrand a Frankräich ass hien e Freideg den Owend 6 Meter a 27 Zentimeter héich gesprongen an huet säi Rekord aus dem August 2024 ëm 1 Zentimeter verbessert.

Den haut 25 Joer jonken Athlet hat de Weltrekord eng éischte Kéier am Joer 2020 gebrach (6 Meter 17) an huet vun do un de Rekord ëmmer em 1 Zentimeter verbessert. Den Duplantis wëll dëst Joer nach iwwer 6 Meter 30 sprangen.