Dëse Weekend gouf an der Enovos League vun den Hären den 21. Spilldag gespillt. Bei den Damme war et d'Suite vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun.

Hären

Um Sonndeg setzt sech Mamer mat 106:90 géint den AB Conter duerch. Fënnef Spiller vun der Lokalekipp hunn op d'mannst 13 Punkte geworf, den Domenick Sleva konnt mat 28 Punkten iwwerzeegen.

De Basket Esch iwwerrennt d'US Hiefenech a setzt sech um Enn 97:57 duerch, dat nodeems d'Lokalekipp nom éischte Véierel schonn 32:9 a Féierung louch. De Clancy Rugg hat mat 22 Punkten déi meeschte Punkten um perséinleche Kont. Bei Hiefenech huet mam James Weatherspoon en neie Profispiller säin Debut gefeiert.

Um Samschdeg hunn d'Zuschauer tëschent der Arantia Fiels an den T71 Diddeleng e Match gesinn, dee bis an de leschte Véierel haart ëmkämpft war. De leschte Véierel huet d'Lokalekipp allerdéngs dominéiert a mat 26:13 fir sech entscheet fir de Match um Enn mat 95:83 ze gewannen. Bei der Arantia stoung mam Scott Lindsey en neie Profispiller um Terrain, beschten Scorer war den Mykolas Maindron, deen op 26 Punkten, dorënner sechs Dräier, koum. Ënnerstëtzt gouf hie vum Kiandre Gaddy mat 23 Punkten a 17 Rebounds.

Um Pabeier war de Champion Amicale Steesel géint den Opsteiger Avanti Munneref de klore Favorit. Steesel huet sech awer schwéier gedoen an wënnt no enger spannender Schlussphas mat 77:74, Munneref hat a Persoun vum John Ross d'Chance sech an d'Verlängerung ze retten, dëse Worf huet d'Zil allerdéngs verfeelt. 22 Punkten goungen op de Kont vum Jarvis Williams.

E Freideg den Owend hat d'Sparta Bartreng eng wichteg Victoire géint Walfer gefeiert an Ettelbréck hat d'Musel Pikes geklappt.

Den nächste Samschdeg steet de leschte Spilldag vun der regulärer Saison um Programm, duerno geet et weider mat de Playoffs a mat der Ofstigsgrupp.

Dammen

Um Sonndeg huet sech den T71 Diddeleng mat 100:77 géint d'Amicale Steesel duerchgesat. Steesel louch kuerz virum Enn vum drëtte Véierel 61:57 a Féierung, ass duerno allerdéngs komplett agebrach. D'Lauren VanKleunen war mat 37 Punkten net ze stoppen. Domat steet Diddeleng als véiert Ekipp an der Halleffinall, Steesel verpasst de Sprong ënner déi stäerkste véier Ekippen a muss an der Ofstigsgrupp untrieden, do huet d'Ekipp allerdéngs mat engem grousse Virsprong op d'Konkurrenz näischt ze fäerten.
 
D'Sparta Bartreng huet sech auswäerts mat 95:66 géint de Basket Esch duerchgesat. Sechs Spillerinne vun de Gäscht hnn op d'mannst 11 Punkte markéiert, d'Nicole Torresani hat mat 19 Punkten am beschte getraff.

De Champion Gréngewald Hueschtert wënnt um Samschdeg kloer mat 110:68 zu Wolz a bleift domat ongeschloen. D'Amanda Cahill (27 Punkten) an d'Lisy Hetting (24) hunn déi meeschte Punkte fir d'Gäscht geworf.

Den AB Conter setzt sech auswäerts géint d'Musel Pikes fréi of a séchert sech um Enn eng 73:60-Victoire. Stäerkste Spillerin war d'Brooke Walling mat 23 Punkten op Säite vun de Gäscht.