An der Belsch huet d'Union St. Gilloise mam Anthony Moris souverän mat 4:1 géint Dender gewonnen.

Am portugisesche Championnat huet AVS mam Gerson Rodrigues auswäert mat 1:0 géint Farense gewonnen. De Lëtzebuerger ass an der 57. Minutt agewiesselt an no 20 Minutten nees wéinst muskuläre Problemer ausgewiesselt ginn. An der Tabell huet AVS nëmmen ee Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz.

An der zweeter Liga an der Belsch huet Francs Borains mat 1:0 géint Lierse gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Alessio Curci stoung an der Startformatioun a gouf an der 71. Minutt ausgewiesselt.

An der 2. Bundesliga huet Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte mat 4:0 géint d'Hertha vu Berlin gewonnen. An der provisorescher Tabell steet Elversberg op der 6. Plaz, zwee Punkte vun der Relegatiounsplaz fort an dräi Punkte vun enger direkter Opstigsplaz fort.

A Bulgarien huet CSKA Sofia mam Mica Pinto géint de Rival aus der eegener Stad Levski Sofia 2:2 gläichgespillt. De Pinto stoung an der Startformatioun a krut an der 12. Minutt vun der Nospillzäit Giel gewisen. An der Tabell steet de Lëtzebuerger mat senger Ekipp op der 8. Plaz. Nach kann een net sécher sinn, ob een et an de Conference-League-Grupp packt, well et och nach de Relegatiounsgrupp ka ginn.

Am Championnat a Bosnien-Herzegowina huet Sarajewo 1:0 géint Siroki Brijeg gewonnen. De Mirza Mustafic ass an der Paus ausgewiesselt ginn.

Samschdeg

An der Bundesliga huet den 18 Joer jonke Golkipp Tiago Pereira säin Debut fir Borussia Mönchengladbach gefeiert. Bei der 3:0-Victoire géint Heidenheim stoung hie vun Ufank un tëscht de Pottoen an huet mat 4 Paraden iwwerzeegt.

St. Pauli mam Danel Sinani huet sech iwwerdeems musse mat 0:2 géint Dortmund geschloe ginn. De Sinani ass an der 83. Minutt agewiesselt ginn, wéi et schonn 0:2 stoung.

An der zweeter Bundesliga huet Köln sech zu Karlsruhe misse mat 0:1 geschloe ginn. De Mathias Olesen souz bei Köln op der Bänk an ass net agewiesselt ginn.

Fir Union St. Gilloise mam Anthony Moris gouf et eng souverän 4:1-Heemvictoire géint Dender. De lëtzebuergesche Golkipp stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoe vu St. Gilloise.

An der hollännescher Eredivisie huet NAC Breda knapp mat 0:1 zu Utrecht de Kierzere gezunn. Bei Breda souz den Enes Mahmutovic déi 90 Minutten op der Bänk.

An der drëtter däitscher Liga huet Aue sech mat 2:0 zu Wiesbaden duerchgesat, soudass béid Ekippen elo punktgläich sinn. Bei Aue souz den Tim Kips op der Bänk.

Ouni de Sébastien Thill huet Rzeszow sech an der zweeter polnescher Divisioun knapp mat 1:0 géint Warta Poznan duerchgesat.

An och bei Odra Opole stoung den Edvin Muratovic net am Kader. Seng Ekipp huet doheem däitlech 1:5 géint Tychy verluer.

Freideg

Beveren mam Laurent Jans huet sech 3:2 géint den Tabelleleader Waregem duerchgesat a verdeedegt esou déi 5. Plaz an der zweeter belscher Liga. De Jans krut an der 51. Minutt eng giel Kaart a gouf no 70 Minutte vum Terrain geholl.

An der zweeter franséischer Divisioun huet Troyes Bastia mat 2:0 geklappt. De Florian Bohnert ass op Säite vu Bastia no 82 Minutte agewiesselt ginn, dat wéi et schonn 2:0 stoung.

En 0:0 gouf et an der zweeter Divisioun an Éisträich tëscht Amstetten a St. Pölten. Bei St. Pölten huet den Dirk Carlson wéi gewinnt ugefaangen an déi 90 Minutten duerchgespillt.

An der éischter Liga vun der Ukrain huet LNZ Cherkasy sech musse mat 0:1 bei Karpaty Lviv geschloe ginn. Den Olivier Thill stoung bei de Gäscht an der Startformatioun a gouf an der Halbzeit beim Score vun 0:0 ausgewiesselt.