Op der Kockelscheier huet ee sech misse mat 2:6 geschloe ginn.

Den Tornado huet e Samschdeg op der Kockelscheier virun 1.025 Zuschauer den Allersmatch an der Aachtelsfinall vum franséische Championnat mat 2:6 géint eng staark Ekipp vu Montpellier verluer.

De Retourmatch gëtt e Samschdeg zu Sastre gespillt, dat well d'Äispist zu Montpellier net ka genotzt ginn.

Den Tornado brauch eng Victoire, fir datt et zu engem decisiven drëtte Match géing kommen, deen dann direkt sonndes géing gespillt ginn.

Fir den Tornado geet et ëm den Opstig an déi éischt franséisch Divisioun. Eréischt déi lescht Saison war de Veräin aus dem Grand-Duché an déi zweet Divisioun am franséische Championnat geklommen.