De Memorial Marion Hammang zu Hamm ass eng Powerlifting-Kompetitioun vun de klenge Staaten.

Am Agang vun der Hal zu Hamm gëtt de Bléck vun engem Calicot ugezunn, op deem Fotoe vu Lëtzebuerger Fraen ze gesi sinn, déi e Weltmeeschtertitel am Powerlifting gewonnen hunn.  Eng vun hinnen ass d'Marion Hammang: Welt- an Europameeschterin, 1990 an 1992.

Am Powerlifting ginn d'Kräizhiewen,d'Bänkdrécken an d'Kniebeugen eenzel an zesumme bewäert. D'Kompetitioun, déi de Weekend iwwer d'Bün goung, dréit den Numm "Memorial Manon Hammang".

D'Ankie Timmers ass um gudde Wee, fir d'Nofollgerin vum Marion Hammang ze ginn. D'Nummer 3 an der Weltranglëscht ass zanter kuerzem am Elittekader vum nationalen Olympesche Kommitee. D'Athletin ass den Ament allerdéngs verletzt an ass an d'Roll vum Coach gesprongen. Déi gebierteg Hollännerin huet zanter kuerzem d'Lëtzebuerger Nationalitéit an doriwwer ass d'Athletin houfreg.

De Memorial Marion Hammang ass eng Powerlifting-Kompetitioun vun de klenge Staaten.

Am administrative Beräich ass Lëtzebuerg international och gutt vertrueden. De Gaston Parage ass nämlech och President vum Weltverband. Nieft de klenge Staate waren och nach aner Länner um Memorial vertrueden.

Den Alain Hammang huet alles am Bléck. Keen anere kennt d'Powerlifting-Zeen esou gutt wéi hien. Zanter Joerzéngten ass hien an der Federatioun, déi zu deene klengsten am Land gehéiert. Ma nawell dréit se den Numm Lëtzebuerg awer sportlech an organisatoresch an d'Ausland.