Stroossen a Fenteng sti bei den Hären an der Finall

© Emile Mentz (RTL Archiv)
Nodeem en Donneschdeg d'Dammen ugetruede waren, waren e Freideg déi zwou Halleffinalle bei den Hären an der Coupe am Volleybal.
An der éischter Partie konnt sech de Favorit vu Fenteng kloer mat 3:0 géint déi Escher Ekipp behaapten. Dobäi hat et am éischte Saz nach no enger spannender Partie ausgesinn, well Fenteng huet 33 Punkte misste markéieren, fir en Ecart vun zwee Punkten op Esch ze kréien, fir sech duerchzesetzen. Déi zwee aner Sätz sinn du méi kloer un de Favorit gaangen, dat mat 25:15 respektiv 25:16.
Den zweeten Duell um Freideg war e Match, dee sech wuel vill Volleyballfans als Finall gewënscht hätten: Den Titelverdeedeger Stroossen ass op Luerenzweiler getraff. Deen Duell konnten déi Stroossener dës Saison schonn zwee Mol fir sech entscheeden, esou datt si och an der Halleffinall d'Favoritteroll haten. Am éischte Saz goufe si där Roll dann och gerecht an hu sech kloer mat 25 op 17 duerchgesat. Mat genau deem selwechte Resultat ass dunn och den zweete Saz op en Enn gaangen, ma Luerenzweiler wollt sech dunn awer net esou einfach geschloe ginn. Am drëtte Saz hu si dunn dominéiert a louchen de gréissten Deel vun der Zäit vir. Dëse konnte si dann och mat 25:18 fir sech decidéieren. Laang hat et dono ausgesinn, wéi wann déi Stroossener de véierte Saz sécher heem schaukele kéinten, ëmmerhin hate si 5 Matchbäll, Ma no hannen eraus gouf et nach eng eng Geschicht: de 4. Saz ass nämlech awer just ganz knapp mat 25:23 u si gaangen. Dëst sollt awer duergoen, fir 3:1 an Avantage ze goen an esou d'Halleffinall fir sech ze decidéieren.
D'Finall vun den Hären ass fir e Samschdeg den Owend um 20.30 Auer ugesat.
Bei den Dammen hate sech en Donneschdeg den Owend Mamer a Walfer fir d'Finall qualifizéiert. Dës gëtt e Samschdeg den Owend um 18.30 Auer zu Stroossen gespillt.
D'Finall vun den Dammen an den Häre kënnt Dir live op RTL.lu kucken.