Domen Prevc mat Gold bei der Schisprong-WM

© AFP
Uschléissend gouf et Diskussiounen ëm de Schikostüm vun der norweegescher Ekipp. Am Schi Alpin war d'Federica Brignone op en Neits net ze klappen.
De Sloween Domen Prevc huet sech bei der Schisprong-WM zu Trondheim d'Goldmedail geséchert. Mat engem staarken zweete Sprong konnt hien dem Norweeger Marius Lindvik d'Victoire nach ofknäppen. Bronze goung un den Éisträicher Jan Hörl, virum Japaner Ryoyu Kobayashi an engem weideren Norweeger Johann Andre Forfang.
An de leschte Woche gouf et schonn Diskussiounen ëm de Schikostüm vun den Norweeger, an och dës Kéier haten e puer Natiounen Asproch géint d'Resultat ageluecht. No der Kompetitioun huet d'FIS, den internationale Schiverband, matgedeelt, dass all d'norweegesch Sprénger disqualifizéiert géifen. Domat ass och dem Lindvik seng zweet Plaz futsch an de Jan Hörl an de Ryoyu Kobayashi goufen nodréiglech mat Sëlwer a Bronze geéiert.
Am Schi Alpin huet Federica Brignone de Riseslalom zu Are (Schweden) dominéiert. D'Italieenerin war schonn am éischten Duerchgang Beschtzäit gefuer an hat och nom zweete Laf 1,36 Sekonne Virsprong op d'Alice Robinson aus Neiséiland. Knapp dohannert koum déi jonk Lara Colturi (+ 1,43), déi fir Albanien start. D'Brignone huet am Gesamtweltcup eng grouss Avance op d'Lara Gut-Behrami, déi e Samschdeg just 9. gouf, läit an der Kategorie Riseslalom awer nach ëmmer hannert der Robinson.
Och bei den Häre bleift dem Kampf ëm déi kleng Kristallbull an der Descente spannend. De Schwäizer Franjo van Allmen konnt d'Descente zu Kvitfjell an Norwegen gewannen, sou dass de Marco Odermatt an dëser Disziplin de Sak nach net zoumaache konnt. Béid Schwäizer hunn um Enn 0,28 Sekonne getrennt. Mam Stefan Rogentin (+ 0,38) war de Schwäizer Podium perfekt.
An der Poursuite am Biathlon hat de Schweed Sebastian Samuelsson zu Nove Mesto (Tschechien) d'Nues vir. Hie war no der Distanz vun 12,5 Kilometer no 32:22,10 an ouni Feelschoss als Éischten am Zil. Den Italieener Tommaso Giacomel koum mat zwee Feelschëss 26,4 Sekonne méi spéit un. Den Dominator Johannes Thingnes Bö hat kee sou gudden Dag erwëscht an huet sech no 3 Feelschëss mat der drëtter Plaz (+ 38,7 Sekonnen) mussen zefridde ginn. Den Norweeger duerft sech trotzdeem iwwer de Giele Maillot vum Leader am Gesamtweltcup freeën. De Fransous Quentin Fillon Maillet (3 Feelschëss, + 45,3) huet de Podium knapp verpasst.
Bei den Damme goung d'Victoire an der Poursuite un d'Franséisin Julia Simon, déi sech just ee Schossfeeler geleescht huet. Hannendru koumen d'Hanna Öberg (+ 17,2 Sekonnen) an d'Océane Michelon (+ 19,2). Fir d'Däitsch Franziska Preuss, déi am Weltcup nach ëmmer a Féierung läit, war et keng gutt Course. Si gouf just 13., soudass hire Virsprong op d'Franséisin Lou Jeanmonnot (haut 4.) ëmmer méi schmëlzt.