Déi aner Lëtzebuerger goufen um Sonndeg allerdéngs net agesat oder waren net am Kader.

De Laurent Jans huet mat Beveren an der 2. belscher Liga e flotte Succès gefeiert. De 5. an der Tabell huet sech beim 4. Patro Eisden mat 2:1 behaapt. De Lëtzebuerger huet de ganze Match gespillt. D’Chance fir den Opstigsplayoff ze areechen ass domadder nees méi grouss ginn.

Am Aserbaidjan gouf et eng 0:1-Néierlag fir de Vincent Thillmat Sabah zu Shamakhi. De Mëttelfeldspiller gouf awer net agesat.

An der 3. Liga an Däitschland souz den Tim Kips bei der 2:1-Victoire vun Aue géint Viktoria Köln de ganze Match op der Bänk.

De Sébastien Thill stoung beim 0:0-Remis vu senger polnescher Ekipp Rzeszow géint Chrobry Głogów net am Kader. De Seid Korac war a Serbien beim 1:0-Erfolleg vu Vojvodina géint Jedinstvo och net am Kader dobäi.

Samschdeg

An der Bundesliga hunn den Danel Sinani a St. Pauli e weidere Punkt am Kampf géint den Ofstig gesammelt. Si hu mat Wolfsburg 1:1 gedeelt. De Sinani stoung an der Startformatioun a gouf eréischt an der Nospillzäit ausgewiesselt, fir e bëssen Zäit ze gewannen.

Een Niveau drënner, an der zweeter däitscher Liga, huet sech Köln mat 1:0 zu Ulm duerchgesat a bleift domat Tabellenéischten. De Lëtzebuerger Mathias Olesen stoung 90 Minutte fir den Effzeh um Terrain a konnt wichteg Akzenter setzen.

A Portugal huet Benfica Lissabon 3:0 géint Nacional Funchal gewonnen an domat den Drock op de Spëtzereider Sporting erhéicht. D'Ekipp vum Leandro Barreiro huet vum Ufank bis zum Schluss kloer dominéiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Match op der Bänk ugefaangen, gouf awer an der 68. Minutt beim Stand vun 2:0 agewiesselt.

Fir AVS Futebol wëll et an der portugisescher Liga einfach net lafen. D'Ekipp vum EricVeiga a vum blesséierte GersonRodrigues huet sech 0:1 géint den direkte Konkurrent am Ofstigskampf FC Arouca musse geschloe ginn. De Gol ass eréischt an der 89. Minutt gefall. Domat wiisst den Ecart op de Géigner op 5 Punkten, wärend ee punktgläich mat Estrela Amadora op der Relegatiounsplaz ass. Den Eric Veiga stoung wuel an der Startformatioun, gouf awer an der Paus ausgewiesselt.

Francs Borains mam Alessio Curci muss sech 1:3 géint d'KAS Eupen geschloe ginn. De Lëtzebuerger huet dobäi an der 9. Minutt en Eelefmeter verschoss. De Curci huet quasi de ganze Match gespillt, hie gouf an der Nospillzäit augewiesselt. Francs Borains verpasst et domat, sech vun den Ofstigsplazen ofzesetzen.

ZSKA Sofia ka seng Serie op véier ongeschloe Matcher ausbauen. D'Ekipp vum Mica Pinto huet 2:0 bei Beroe gewonnen an domat engem direkte Konkurrent ëm d'Conference-League-Plaze Punkten ofgeknäppt. De Pinto koum wärend 90 Minutten an den Asaz.

An der bosnescher Liga huet FK Sarajevo mat Mostar d'Punkte gedeelt. No 90 Minutte stoung et 0:0. De Mirza Mustafic koum bei dëser Punktedeelung net an den Asaz. Sarajevo verpasst et domat, wichteg Punkten am Kampf ëm d'Conference-League-Qualifikatioun ze sammelen.

A Rumänien huet den FC Hermannstadt mam Vahid Selimovic 1:0 géint Rapid Bukarest gespillt. Well et de leschte Spilldag vun der regulärer Saison war, verpasst Hermannstadt als Aachten den Anzuch an den Titel-Playoff. Elo geet et fir si nach ëm d'Placéierungsmatcher.

Freideg

Fir Gladbach souz et am Duell mat Mainz doheem eng 1:3-Defaite. No senger Première virun enger Woch géint Heidenheim hat Gladbach ënnert der Woch bekannt ginn, dass d'Lëtzebuerger Nowuesstalent Tiago Pereira Cardoso bis de Schluss vun der Saison als Ersatzgolkipp mat op d'Matcher vun der éischter Ekipp fiert. Den Yvandro Borges ass nach ëmmer blesséiert.

Eng Etage méi déif huet den SV Elversberg  am Südwest-Derby géint Kaiserslautern 1:1 gläich gespillt an huet weider gutt Chancen op eng Opstigsplaz fir an d'Bundesliga. Den Ofstand bedréit just 2 Punkten. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte war kuerz virun der Paus a Réckstand geroden, konnt awer nach an der 75. Minutt ausgläichen.

An der franséischer Ligue 2 huet Bastia eng 1:0-Victoire géint Martigues gefeiert an domat wichteg Punkte gesammelt, fir net ze no un d'Ofstigsplazen ze geroden. D'Korse waren an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent op en Eelefmeter hin a Féierung gaangen an konnten dëst Resultat bis zum Schluss halen. De Florian Bohnert stoung 90 Minutten um Terrain an huet eng gutt Prestatioun gewisen.

Um 25. Spilldag vun der hollännescher Eredivisie hu sech Breda, de Veräi vum Enis Mahmutovic, a Sparta Rotterdam 1:1 getrennt. Béid Ekippen stinn déif ënnen dran a konnte sech mat dësem Resultat net wierklech befreien. De Mahmutovic koum an dësem Match net an den Asaz.

Fri den David Jonathans ass et eng Etage méi déif an der Eerste Divisie méi schlecht gelaf. Seng Ekipp Den Bosch huet doheem 0:2 géint Cambuur-Leeuwarden verluer an domat wichteg Punkten am direkten Duell mat engem Konkurrent ëm d'Opstigsplaze leie gelooss. Den Bosch steet weiderhin op enger Playoff-Plaz fir an d'Eredivisie. De Jonathans souz wärend 90 Minutten op der Bänk.