Fir den Tornado ass d'Äishockey-Saison domadder eriwwer.

E Samschdeg den Owend huet den Tornado och deen zweete Match an den Aachtelsfinalle fir den Opstig an déi éischt franséisch Divisioun verluer. Mat 6:11 huet ee sech zu Castres géint Montpellier misse geschloe ginn. Domadder sinn d'Lëtzebuerger eliminéiert an d'Saison ass fir si eriwwer.

Et war déi éischte Kéier an der Geschicht vum Tornado, dass een an der zweeter franséischer Divisioun ugetrueden ass an d'Zil, d'Divisioun ze halen, ass engem deemno gelongen. Direkt déi nächst Woch fänke schonn d'Preparatioune fir déi nächst Saison un. Hei wier et d'Zil, fir sech an den nächste Joren ënnert deenen éischte véier Ekippen am Tableau ze etabléieren, an esou eng Basis ze schafen, fir den nächsten Niveau unzeviséieren, sou déi Responsabel vum Veräin.