Eng Gold-, zwou Sëlwer- an zwou Bronzemedaile fir Lëtzebuerger Athleten
Vill Succès haten d'Lëtzbuerger Sportlerinnen a Sportler en Donneschdeg bei de Wanter-Special-Olympics zu Sestriere a Pragelato an Italien.
De Pit Frank konnt sech am Schilaanglaf op 7,5 Kilometer déi drëtt Plaz sécheren.
Am Schi-Alpin-Slalom gouf et bei den Dammen an der Kategorie Avance F03 eng zweet Plaz fir d'Danièle Jankowoy, bei den Novizen F04 koum d'Caroline Schambourg op déi sechst Plaz.
De Marten Ottens konnt sech bei den Hären an der Kategorie Intermediaire M01 d'Goldmedail sécheren, den Yves Logelin koum bei den Intermediairen M05 op déi 8. Plaz.
Weider staark Resultater hunn d'Dammen am 200-Meter-Schnéischong-Laafen erreecht. Hei gouf et eng Bronzemedail fir d'Sophie Caron am F06 an eng Sëlwermedail fir d'Cathia Jacobs am F09.
E Freideg ass de leschten Dag vun der Kompetitioun.
D'lescht Woch hat sech d'Lëtzebuerger Delegatioun op de Wee fir op d'Spiller gemaach, d'Fotoe vum Depart fannt Dir hei: