Duerch eng 3:1-Victoire réckelt Stroossen op ee Punkt op den Tabellenzweete vun Diddeleng erun. Déifferdeng kann de Virsprong un der Spëtzt ausbauen.

E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat den 21. Spilldag.

Fir den Tabelleleader Déifferdeng ass et am Spëtzematch beim Swift Hesper duerch zwee spéit Goler eng 2:0-Victoire ginn. An enger relativ onspektakulärer Ufanksphas hunn d'Golchancen op béide Säiten op sech waarde gelooss. Och am weidere Spillverlaf hu sech déi zwou Ekippe spilleresch schwéier gedoen. Besserung gouf et awer och nom Säitewiessel net wierklech. Spannung ass dann awer nach eemol an der Schlussphas opkomm, wéi de Pierre Nguinda déi Rout Kaart gesinn huet an de Swift domat fir déi lescht gutt zéng Minutten an Ënnerzuel war. Déifferdeng konnt genee dovu profitéieren a wënnt de Match um Enn nach duerch zwee spéit Goler mat 2:0.

Am anere Spëtzematch ka sech d'UNA Stroossen mat 3:1 zu Diddeleng duerchsetzen. Vun Ufank un hunn d'Gäscht sech engagéiert gewisen an d'Diddelenger ënner Drock gesat. No 30 Minutten ass dann déi verdéngt Stroossener Féierung duerch ee Gol vum De Souza gefall. No der Paus huet sech Diddeleng dann ëm eng Äntwert beméit a gouf dofir och an der 49. Minutt mam 1:1 duerch de Kirch belount. Stroossen huet sech dovun awer onbeandrockt gewisen an ass duerch een zweete Gol vum De Souza an der 63. Minutt nees a Féierung gaangen. Den 3:1 aus Siicht vun der UNA an der 76. Minutt huet um Enn d'Decisioun bruecht an domadder geléngt Stroossen ee wichtege Schrëtt an der Tabell, wou ee just nach ee Punkt hannert dem F91 steet.

An de weidere Partië vum Sonndegmëtteg konnt sech Hueschtert dann ënner anerem mat 2:1 géint d'Escher Fola duerchsetzen, Munneref zitt doheem mat 0:1 géint de Racing de Kierzeren, Péiteng behaapt sech kloer mat 3:0 géint Rodange an tëscht Monnerech a Rouspert gouf et bei engem 1:1-Remis kee Gewënner.

Um 18.00 Auer war et dann nach zum Duell tëscht der Jeunesse a Beetebuerg komm. Hei hunn déi Escher näischt ubrenne gelooss a sech kloer mat 5:1 duerchgesat. Am leschte Match vum Dag gouf et dann nach eng 3:1- Victoire fir de ProgrèsNidderkuer doheem géint Wolz.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell