Lëtzebuerg hëlt Revanche a wënnt 27:24 géint d'Belsch

© RTL (Screenshot)
No der héijer Néierlag e Mëttwoch feiert Lëtzebuerg déi éischt Auswäertsvictoire zënter 2019. D’Rout Léiwen hu quasi iwwer 60 Minutten iwwerzeegt.
D’Rout Léiwen hunn eng Reaktioun op de schlechte Match vun e Mëttwoch gewisen a feieren hir éischt Auswäertsvictoire zënter 2019. Zu Hasselt gouf et e 27:24 géint d’Belsch. Wat e Mëttwoch virun allem an der zweeter Hallschent gefeelt huet, gouf dës Kéier quasi iwwer 60 Minutten duerchgezunn: kloer Aktiounen, Asaz a Wëllen.
Et hat 3,5 Minutte gedauert, bis d’Spectateuren zu Hasselt den éischte Gol gesinn haten, dee fir d’Rout Léiwe war. De Mika Herrmann hat an dësem Zäitraum schonn dräi Paraden opweises. Lëtzebuerg huet an der éischter Hallschent mat vill méi Selbstvertrauen agéiert, ganz anescht wéi am Match e Mëttwoch. De Raphael Gudden, den David Ojié Etute an de Lé Biel, am Wiessel mam Adel Rastoder, Vincent Kreiselmaier an dem Loïc Kaysen, hunn am Réckraum Regie geféiert an hunn an dësem Match och hir Bandspiller agesat. Dovu konnt de Félix Werdel profitéieren an am éischten Duerchgang 4 Goler markéieren.
Och an der Defense hat d’Ekipp ronderëm de Kapitän Ben Weyer de belschen Ugrëff besser am Grëff. De Kötters an de Colman koumen zesumme just op sechs Goler an den éischten 30 Minutten. A wann d’Belsch duerkoumen, da stoung mam Mika Herrmann eng grouss Stäip tëscht de Pottoen. Den Diddelenger krut an der éischter Hallschent néng Mol d’Hand oder de Fouss un de Ball.
Beim Stand vun 10:7 fir d’Rout Léiwen no 15 Minutte war de belschen Trainer Cherif Hamani zu enger Auszäit gezwongen. Dës huet awer net sou gewierkt wéi am Allersmatch. Duerch dat méi clevert Agéieren an der Attack wéi am Ugrëff par rapport zu e Mëttwoch konnt Lëtzebuerg mat 14:13 an d’Kabinne goen.
D’FLH-Selektioun hat déi éischt 10 Minutte Krämpes, och well d’Belsch an der Defense méi aggressiv war. An dësem Zäitraum sinn de Roude Léiwe just zwee Goler gelongen. D’Belsch konnt dovu profitéieren an an der 38. Minutt eng éischt Kéier a Féierung goen.
No engem Timeout vum Maik Handschke waren d’Lëtzebuerger nees besser am Match. Och an der Defense gouf nees méi haart ugepak, wat virun allem de Mika Herrmann nees op de Plang bruecht huet. De Golkipp hat seng éischt Parad vum zweeten Duerchgang an der 45. Minutt, war duerno awer e Garant fir d’Lëtzebuerger Victoire. Den Diddelenger konnt insgesamt 17 Parade sammelen.
Ënnert dësem Impuls konnten d’Rout Léiwe bannent aacht Minutten aus engem 18:19 e 24:20 maachen an domat de Grondstee fir d’Victoire leeën. Den anere Garant war de Raphael Guden. De Bierchemer Spillmaacher, dee mat vill Selbstvertraue gespillt huet, konnt véier Goler bäisteieren.
An der Schlussphas gouf et nach eng Kéier spannend, wéi d’Belsch op en Neits op zwee Goler erukoum. D’Lëtzebuerger hunn de Virsprong awer iwwer d’Bün kritt. Fir d’FLH-Selektioun ass et déi éischt Victoire géint d’Belsch an de leschten dräi Joer. D’Belsch kasséiert déi fënneft Néierlag doheem an de leschte sechs Matcher.
Ënnert der Woch war bekannt ginn, dass den Nationalspiller Luke Kaysen d’nächst Saison vun Dormagen bei Kornwestheim (3. Liga) wiesselt, well d’zweet Ekipp vum Zweetligist den Opstig an d‘3. Liga verpasst huet. Den 19 Joer ale Lëtzebuerger erwaart sech hei méi Spillzäit a wëll weider Erfarung sammelen. De Vertrag bei de Lurchen, déi och Kooperatioune mat de Veräiner Bietigheim, Stuttgart (béid Bundesliga) a Balingen (2. Liga) fleegen, gëllt bis 2027.